Ateliers Kräizbierg / Section Poterie

Keramik

Wann dir interesséiert un dësen Aarbechten sidd, zéckt net den Aussteller ze kontaktéieren. Dir wëllt méi Informatiounen? Fannt méi Informatiounen an Kontakter méi wäit ënnen op dëser Säit.

Méi iwwert Ateliers Kräizbierg / Section Poterie

Déi eegen perséinlech Nout ginn… dat ass Keramik.
Den Merci fir d’Kand, d’Giedelchen, Frënn an Famill… dat ass Keramik.
E schéine Kaddo… dat ass Keramik.
Mat eis Är eegen Form an Ären perséinlechen Dekor entwerfen… dat ass Keramik.
En Unikat fir Doheem… dat ass Keramik.
Mir schaffen net nëmmen op Bestellung: falls Dir kuerzfristeg e Keramikartikel fir ze verschenken oder fir Iech selwer braucht, steet Iech eise Buttek d’Bréck zur Verfügung.

 

Säit 1982, wéi den éischten vun mëttlerweil 10 „Atelier“ fir behënnert Employéë opgemaach gouf, bidde mir ville Mënschen mat Behënnerung eng Aarbechtsplaz. Haut erméiglechen d’Ateliers Kräizbierg méi wéi 110 Mataarbechter, virun allem Persounen mat kierperlechen Aschränkungen, d’Participatioun um Aarbechtsliewen. E besonneschen Fokus lee mir op d’Upassen vun der Aarbechtsplazen an den Aarbechtsschrëtter op d’Bedürfnisser vun den Persounen mat Behënnerung. Esou stelle mir sécher, dass d’Aarbecht den individuelle Kompetenzen an Leeschtungskapazitéiten vun de Mataarbechter entsprécht an gerecht gëtt.

Dudelange, Luxembourg

Bestellméiglechkeeten

iwwert Telefon an E-mail

Méi Informatiounen
Kontakt

Bezuelen & Liwwerung

Bezueloptiounen

x  Online-Bezueldéngscht

✓ Kreditkaart

✓ Virement

Liwweroptiounen

✓ Post

✓ Liwwerservice

✓ Ofhuelen beim Aussteller

✓ Liwwerung duerch Aussteller

D’Ateliers Kräizbierg befanne sech op dem Terrain vun der Fondation Kräizbierg, an der rue de Zouftgen zu Diddeleng.


Bezuelen mat Kreditkaart geet nëmmen bei eis op der Plaz.

INT