Well mir och dëst Joer eis International Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster aus de bekannte Grënn net organiséiere kënnen, hu mir eis dozou entschloss dëst Joer eng digital Editioun ze maachen. Natierlech kann et eis traditionell Konschthandwierker-Deeg net ersetzen, dat soll se och net. Awer mat dëser digitaler Editioun kënne mir eise Konschthandwierker e bëssen hëllefen an och Iech d’Meigelegkeet ginn néi Konschthandwierker oder néi Aarbechten z’entdecken.

Mir hoffen dass mir eis d’nächst Joer erëm all an der Buerg erëmgesinn.


Wéi funktionéiert dës Internetsäit ?

 

Eis Internetsäit ass eng Präsentatiounsplattform fir eis Konschthandwierker. Op dëser Säit kënnt Dir näischt direkt kafen, mee mir ginn Iech sämtlech Informatiounen, déi Dir braucht fir d’Aussteller ze kontaktéieren.


Ënnert Aussteller fann Dir en Deel vun den Aussteller, déi déi lescht Jore bei eis waren. Si stellen sech hei kuerz vir, soen Iech wéi Dir se kënnt kontaktéieren a weisen Iech eng kleng Auswiel vun hiren Aarbechten déi Dir kënnt kafen.


Dir fannt hei eppes wat Iech gefält ? Keen Problem, de Konschthandwierker ass frou Iech weiderzehëllefen !


Nieft enger englescher Versioun, hu mir eis dozou entschloss eng international Sproochversioun fir dës Internetsäit ze maachen, wou all Aussteller an där Sprooch schreift an där en och normalerweis schwätzt. Also esou wéi wann ee richteg iwwert eis Konschthandwierker-Deeg géif goen.

INT