Zënter 1981 organiséiert de Syndicat d’Initiative Jonglënster am Juni all Joer fir e Weekend déi International Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster.

De Kommitee vum Syndicat d’Initiative hat scho frei d’Iddi eng Aktivitéit an dem eemolege Kader vu Buerglënster ze organiséieren. Wat 1981 mat 6 regionalen Aussteller ugefaangen huet, ass mëttlerweil international an et kommen all Joer iwwer 100 Konschthandwierker an d’Buerg. An de Stroossen an am Schlass präsentéieren si hier Aarbechten, an wann et technesch Méiglech ass, kann een en och beim Schaffen iwwert d’Schëller kucken.

Et kommen Aussteller aus den ënnerschiddlechste Beräicher bei eis, wéi zum Beispill, Keramik, Bijouen, Holzaarbechten, Metallaarbechten, Textil a nach ville méi.

Fir Iessen an Drénke suergen déi 2 Deeg eis lokal Veräiner. Dëst sinn d’Alënster Dueffrënn, den Deschtennis Buerglënster, d’Fanfare Buerglënster an de Volleyball Amber-Lënster. D’Chorale Ste Cécile Buerglënster hëlleft eis bei den Entrées-Keesen an d’Hondsschoul Heureka bei der Verkéiersreegelung.

Mir hoffen dass mir d’nächst Joer eis Konschthandwierker-Deeg erëm op traditionellem Wee kënnen organiséieren, an dass Dir bei dëser Geleeënheet einfach bei eis laanscht kommt, Dir wäert häerzlech Wëllkomm sinn.

INT