PabeiArt

Bijoux en papier

Wann dir interesséiert un dësen Aarbechten sidd, zéckt net den Aussteller ze kontaktéieren. Dir wëllt méi Informatiounen? Fannt méi Informatiounen an Kontakter méi wäit ënnen op dëser Säit.

Méi iwwert PabeiArt

Bijou aus Pabeier
Dee vu mir hiergestallte Schmuck ass eenzegaarteg an onverwiesselbar. Schon aleng d’Matière Pabeier mécht de Bijou interessant. All Objet ass een Unikat an onméiglech ze duplizéieren. De Pabeier huet duerch dës Method eng Méiglechkeet méi fir sechauszedrécken, well dat geschriwwent Wuert mat Faarwen a Forme verbonne gëtt.


Déi meescht Bijouen entstinn aus engem Buch, aus deem ech Säit fir Säit déi geplangte Form mam Skalpell erausschneiden. Duerno fügen ech jee nodeem faarweg Säite bäi. Dës Schichte ginn da mat enger spezieller Method zu engem Rohling zesumme gefügt an dann duerch Schläifen, Feilen a Schneiden a seng endgülteg Form bruecht. De fäerdege Bijou gëtt lo nach versigelt a kann da rëm am Buch seng Plaz anhuelen.
Op Wonsch kann ech individuell Bijouen op Mooss hierstellen.

Gilsdorf, Lëtzebuerg

Bestellméiglechkeeten

op der Plaatz op Rendez-vous an iwwert Telefon an E-mail

Méi Informatiounen
Kontakt

Bezuelen & Liwwerung

Bezueloptiounen

✓ Online-Bezueldéngscht (Paypal)
✓ Kreditkaart *
✓ Virement

Liwweroptiounen

✓ Post

x  Liwwerservice

x  Liwwerung duerch Aussteller

✓ Ofhuelen beim Aussteller

* Digicash, SumUp

INT